Moien.lu: Dammefussball: SC Beetebuerg um eegenen Terrain „Souverän“

Foto: D‘Kapitänin Marie-Amelie Allbrand mat enger gudder Aktioun an Richtung géignerescht Goal. Photo par © Luigi De Stephanis/moien.lu



18 November 2018

vun Luigi De Stephanis den 18/11/2018

 

Fir d‘Damme vum AS Rupensia Lusitanos aus der Fiels gouf et e Samschdeg näischt ze feieren. Trotz engem ganz disziplinéierten Optrëtt, hunn si ech um Enn mam héije Score vun 1:9 géint d‘Damme vum SC Beetebuerg, missen offannen.

 

Iert mir zum eigentlechen – dem Match – kommen, e puer kleng Detailer: d‘Dammen hunn e Samschdeg hir éischt Renconter um „groussen“ Terrain absolvéiert, an och bei der Opstellung, huet de Beetebuerger Trainer, Daniel Nunes, e puer Verännerunge virgeholl gehat. Dat kann d‘Ursaach dofir sinn, datt et an der éischter Halbzeit, net ganz esou ronn gelaf ass, wéi een dat erwaart hätt.

 

Beetebuerg huet wuel kloer dominéiert, mee ass net wierklech an d‘Spill komm. Huet et dru geleeën datt ee seng Unhaltspunkten huet misse fannen, hat een déi Fielsser Dammen eventuell ënnerschätzt? Kann et dru geleeë sinn, datt d‘Justine Oswald (25) mam Sadine Correia (9) permutéiert hunn? Oder ass et, wéi emol ka virkommen, vun allem eppes?

 

Endlech! Oder?

 

Nodeems an der 23. a 25. Minutt d‘Karen Marin (7) Beetebuerg mat 2:0 a Féierung bruecht huet, hat ee gehofft, datt sech dat Beetebuerger spill géif verbesseren. Do sollte mir eppes enttäuscht ginn, de Spillfloss wollt sech net a gewinnte Bunne leede loossen.

 

Déi Fielsser hunn disziplinéiert dergéint gehalen, an eng vun de wéinege Goalchancen an der 43. Minutt genotzt fir den Uschlosstreffer am Beetebuerger Filet ënnerzebréngen. D‘Laura Santos Cruz, huet e Ball an der Déift ugeholl, kann déi Beetebuerger Defense iwwerlafen, steet kuerzfristeg virum Goal, bleift cool an „hieft“ gekonnt de Ball iwwert d‘Lena Krier (1) zum 2:1 an der Paus.

 

No der Paus hunn déi éischt Spillminutten den Elan vun der éischter Halbzeit erëmgespigelt. Wéi dunn allerdéngs d‘Kimberley Dos Santos (10) mat engem Hattrick – 57, 62 an 66. Minutt – fir Beetebuerg de Score op 5:1 erhéicht huet, war kloer, des Renconter gëtt eng batter Lektioun fir d‘Dammen aus der Fiels. Déi waren, wat verständlech ass, duerno och moralesch ugeschloen.

 

Bei esou engem „Virsprong“ kënnen sech dann och emol d‘Spillerinne vun der Ersatzbänk ervirdoen. Esou dat 15 Joer jonkt Lucia Ruiz (14), dat vir d‘Kimberley agewiesselt ass (66. Minutt). Dat huet mat zwee prächtege Goaler (84. a 86. Minutt) säin Talent op e neits ënnerstrach, an doriwwer léisst sech dann och net streiden. Do ass vill Potential fir d‘Zukunft disponibel.

 

Do war nach eppes

 

An der 70. Minutt tauscht den Trainer d‘Karen Marin géint d‘Kate Thill (20) aus. Voll motivéiert huet déi 16 järeg Spillerin der Entscheedung vum Daniel Nunes all Éier gemaach. An der 75. Minutt erwëscht et déi Fielsser Goalkeeperin, Catia Teixiera (1), um falsche Fouss, an bréngt Beetebuerg op de Score vu 6:1. D‘Justine Oswald huet „natirlech“ och e Goal geschoss…

 

Mat engem direkte Fräistouss aus der Distanz (30 Meter), konnt déi Fielsser Goalkeeperin kee gudden Androck hannerloossen. E Feeler kann ee sech, wann engem d‘Justine Oswald géinteniwwer steet, einfach net leeschten. Esou huet et an der 82. Minutt 7:1 fir den SC Beetebuerg gestanen. Du koum dem Lucia Ruiz säin „Doublé“ an d‘Bier war definitiv geschielt.

 

Wa Goaler wichteg sinn, well nëmmen si um Enn zielen, esou ass et net manner wichteg ervirzehiewen, datt et beim Fussball ëm Zesummenaarbecht geet.

 

Wéi dat richteg gutt kann ausgesinn, datt huet d‘Anouchka Bësch (11) gewisen. Als Stiermerin, iwwerhëlt et eng federéierend Roll, mécht vill „knaschteg“ Aarbecht, ass ëmmer do wou et „wéi deet“, an d‘Equipp profitéiert enorm vun dëser physescher Presenz. E Virbild fir all Team-Sportler, wou den „Ego“ an der Kabinn bleift, an eenzeg d‘Mannschaft am Fokus gehale gëtt.

 

Stëmmen zum Spill

 

D‘Melanie Jesus Da Silva (21), Kapitän vum AS Rupensia Lusitanos, sot eis nom Spill, datt si woussten datt et géint den SC Beetebuerg ganz schwéier géif ginn. Et ass hir 1. Spillzäit an der héchster Klass, an et gëtt villes ze verbesseren. Mat der éischter Halbzeit ass een un a fir sech zefridden. Nom 3:1 awer hu Moral a Kraaft nogelooss, an d‘Resultat gëtt net a Fro gestallt.

 

Fir d‘Dammen aus der Fiels awer kee Grond de Kapp hänken ze loossen. Si hu vill Freed un hirem Sport, sinn, wéi scho gesot um Terrain ganz disziplinéiert, an dat erkläerten Zil vun der Saison ass de Klassenerhalt. Mee et gëtt e laange Wee bis dohinner…

 

D‘Anouchka Bësch, huet d‘Siicht vum SC Beetebuerg vertrueden. „Vun der éischter Halbzeit ass just ze soen, datt mir Grotteschlecht gespillt hunn. An der Paus huet eis den Trainer zolidd d‘Lewitte gelies. Dat huet sech op déi zweet Halbzeit ausgewierkt, an awer dierfe mir mat dësem Spill esou net zefridde sinn“, esou déi generell Analys zum Spill. Mee et ass een och Selbstkritesch.

 

„Ech weess datt et fir eng Stiermerin wichteg ass op de Goal duer ze goen a méiglechst ze treffen. A ganz zefridde mat mir selwer sinn ech och net ëmmer, natierlech wëll ech Goaler schéissen. Mee méi wichteg wéi ech, ass d‘Equipp. Wann si gewënnt, ass et egal wien d‘Goaler geschoss huet, a Goaler falen och nëmmen dann wann et gutt zesummenhält a spillt“.

 

Opstellung vun den Equippen:

 

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 88 Amenis Correia, 11 Anouchka Besch, 9 Sadine Correia, 25 Justine Oswald, 8 Lea Pizzimenti, 10 Kimberley Dos Santos, 31 Senada Ceman, 16 Kim Nilles, 7 Karen Marin, 4 Sheila Hoja. Reserve: 14 Camilla Ruiz Rojas, 18 Marie-Amelie Albrand, 20 Kate Thill . Trainer: Daniel Nunes.

 

AS Rupensia Lusitanos Larochette: 1 Catia Teixiera, 21 Melanie Jesus Da Silva, 4 Joana Marques, 3 Teresa Da Costa, 13 Jennifer Marcolino, 7 Emma Teixiera, 8 Aline Ladroye, 16 Andreia-Filipa Moreira, 14 Leonore Santos, 12 Catarina Rafaela Moreira, 15 Sofia Rebelo Da Cruz. Reserve: 6 Sandy Dos Santos, 5 Fabienne Gaspar Da Costa, 11 Anouchka Tavares. Trainer: Luis Filipe Centeio Silveira