Moien.lu: Dammefussball: Beetebuerg ka seng Positioun ausbauen


29 October 2018

vun Luigi De Stephanis den 21/10/2018

D‘Entente Wuermer-Mënsbech/CS Gréiwemaacher huet sech um 5. Spilldag vum Championnat op Besuch bei de SC Beetebuerg beginn. Déi Beetebuerger Damme haten sech gutt virbereet, firwat et e ganz interessante Match tëscht den Tabelle-Leader sollt ginn.

Während den éischten zéng Minutte vun der Renconter, hunn sech béid Mannschaften emol „observéiert“ an d‘Raim kleng gehalen. Nodeems sech de SC Beetebuerg de Géigner laang genuch ugekuckt hat, ass e Gank eropgeschalt ginn. Bis zur 30. Minutt ass um eegenen Terrain de Géigner beherrsch ginn an mat der bewäerter Strategie an Richtung géigneresche Strofraum agéiert ginn.

An der Dominanter Phas, ënnert der Regie vun Oswald (25) a Pizzimenti (8), konnten d‘Damme vu Beetebuerg, de Feeler bei enger Pass vum Have (19) notzen. D‘Stiermerin Besch (11) huet dës Offer dankbar ugeholl an, an der 15. Minutt de Score opgemaach. An esou hätt et dann eigentlech och kënne weidergoen, woubäi d‘Goalkeeperin vun der Entente, Robin (1), dergéint gehalen huet.

D‘Jana Robin, huet sech vu senger beschter Säit gewisen, an der eegener Equipp zolidd de Réck fräi gehalen. An der 17. Minutt, mat enger Glanzparad op e Kappball vum Dos Santos (10), den éischte Ball ofgewiert, an der 18. Minutt dunn och den Ugrëff vum Marin (7) verhënnert. Et sollt nëmmen en Ament daueren, iert sech d‘Goalkeeperin nees dem Duo Marin-Dos Santos ze stellen hat. (23. an 24. Minutt).

An der 29. Minutt huet d‘Spillerin vum SC Beetebuerg, Correia (9) sech verletzt, an huet missen nieft dem Terrain verpléischtert ginn. Eng Interventioun déi der Entente 9 Minutte laang Iwwerzuel ginn hat. Si sollten et net ausnotze kënnen. Schlëmmer nach, kuerz nodeems déi Beetebuerger Spillerin nees um Terrain war, ass knapp virun der Paus den 2:0 gefall. (Thill #20).

Eng Situatioun déi sech am Fussball oft Spillentscheedend auswierkt. De Goal virun der Paus, ass deen, wou d‘Moral am stäerkste belaascht. D‘Spillerinne vun der Entente sinn dann awer ganz motivéiert aus der Kabinn komm, haten dëse Match nach net opginn. Dat sollten déi Beetebuerger séier mierken. D‘Entente huet säi Pressing am Mëttelfeld besser opgebaut kritt. 

Domatter huet sech dat offensiivt Spill vun de Beetebuerger Dammen iwwer d‘Säiten net méi esou fléissend gestalte gelooss. Elo huet d‘Spillqualitéit vum SC Beetebuerg liicht gelidden, awer wann een esou Virbereet ass, dann op Spillerinne wei Oswald, Dos Santos, Marin a Pizzimenti kann zréckgräifen, mussen engem op der Trainerbänk net d‘Dronkenellen ausgoen. 

Dat bestätegt sech mat engem drëtte Goal an der 69. Minutt. Eng Aktioun déi ënnert der Regie vum Oswald (25), mat enger diagonaler Pass vu ronn 40 Meter iwwert d‘Käpp vun der géignerescher Verdeedegung, direkt an de Laf vum Dos Santos (10) – dat dëse Ball perfekt ënner Kontroll kritt – an de Ball „billerbuchméisseg“ an dat rietst Kräiz (aus Siicht vun der Goalkeeperin) gesat huet. 

Hei muss sech d‘Robin kee Virworf maachen, de Schoss war schlicht an ergräifend net ze halen. Um Enn steet et verdéngt 3:0 fir den SC Beetebuerg. Dat ouni datt sech d‘Damme vun der Entente Wuermer-Mënsbech/CS Gréiwemaacher ze schummen hätten. Si hunn eng zolidd Virstellung gebueden, a kënnen sech op hir Plaz am Championnatsklassement behaapten.

Stëmmen zum Spill 

De Pino Nicolas Bevilacqua, Trainer vun der Entente Wuermer-Mënsbech/CS Gréiwemaacher, huet bedauert, datt seng Dammen an der éischter Halbzeit de Pressing net ëmgesat kritt hunn, wat de Beetebuerger entgéint komm ass. Si konnten d‘Säitespillerinne vu Beetebuerg net kontrolléieren.

An der zweeter Hallschent war dat ganz anescht, mee den 2:0 virun der Paus, war scho Spillentscheedend. Ganz sportlech dann och seng Ausso zu der Beetebuerger Leeschtung. „Mir sinn haut géint de méigleche Champion ugetrueden, ech mengen hei kann ee verléieren“.

Op der Beetebuerger Säit huet eis d‘Justine Oswald, dat iwwer wäit Strecken d‘Regie gefouert huet, Ried an Äntwert gestanen. Erfreelech, d‘Justine schwätzt léiwer vun der Mannschaftsleeschtung wéi vun der eegener Performance, woubäi mir béides ganz ze appreciéiere wëssen.

Déi fréier Spillerin vu Jonglënster, déi kee „Regret“ huet de Veräi gewiesselt ze hunn, ass mat der Opstellung an dem Teamgeescht immens zefridden. „Ech fille mech immens integréiert, a wuel. Mir hunn eis spilleresch fonnt, d‘Kommunikatioun um Terrain klappt, an dat spigelt sech an de Resultater erëm“.

An d‘Justine Oswald füügt bäi: „Hei gewënnt ëmmer d‘Equippe, net déi eenzel Spillerin. Mir sinn e Grupp deen einfach gutt harmonéiert“. Nom 5. Spilldag op 15 Punkten dierfen ze blécken, ass eng gutt Situatioun. Déi nächst Renconter ass géint Jonglënster, an déi dierft och ganz interessant ginn.

Opstellung vun den Equippen:

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 88 Amenis Correia, 11 Anouchka Besch, 9 Sadine Correia, 16 Kim Nilles, 6 Sarah Witry, 25 Justine Oswald, 8 Lea Pizzimenti, 10 Kimberley Dos Santos, 20 Kate Thill, 7 Karen Marin. Reserve: 18 Marie-Amelie Albrand, 14 Camilla Ruiz Rojas, 5 Kim Ney Trainer: Daniel Nunes.

Entente Wuermer-Mënsbech/CS Gréiwemaacher: 1 Jana Robin, 3 Melanie Quiring, 5 Jessica Becker, 8 Isabelle Havelange, 9 Aldina Dervisevic, 10 Marta Estevez, 11 Isabel Albert, 17 Tania Fent, 19 Catherine Have, 20 Sophie Maurer, 21 Noemie Raths. Reserve: 4 Anna Hengen, 6 Caroline Trouet, 13 Stella Coutinho, 14 Aurelie Theis, 15 Anouk Leuchter. Trainer: Pino Niolas Bevilacqua

Arbitter: Miguel Goncalves 

Den Artikel mat den Fotoen fannt der op: Moien.lu