Dammefussball: Den SC Beetebuerg bleift och um 14 Spilldag ongeschloen

Photo par Foto: © Luigi de Stephanis/moien.lu



24 March 2019

vun Luigi De Stephanis den 17/03/2019

Beim Spëtzematch am Dammefussball, haten d‘Damme vum SC Beetebuerg, de Racing FC Union Lëtzebuerg zu Gaascht. E Géigner dee mat Virsiicht ze genéisse war, an dat net eleng wëll si och Uspréch op déi iewescht Tabelleplaz stellen. Déi falen no hirer Begéinung mat Beetebuerg op déi drëtt Plaz zréck.

De Match huet dann och zolidd ugefaangen, an d‘Beetebuerger Fraen hunn dem Géigner direkt ze verstoe ginn, datt et „hiren Terrain ass“. Et ass net laang gefréckelt ginn, an knapps dat 20 Minutte gespillt waren, huet den SC Beetebuerg mat zwee Goaler de Match dominéiert. An der 7. Minutt, huet d‘Tamara Aniset (9) e laange Ball un d‘Senada Ceman (31) an d‘Déift gespillt.

Dat hëlt dësen am 16 Meterraum un, wou him d‘Oceane Lopes (8) en „Zweekampf“ ugebueden huet, bei deem déi Beetebuerger Spillerin zu Fall komm ass. Den Arbitter huet keen Ament gezéckt an op de Punkt gewisen. Der Vollstännegkeet halber, muss et erlaabt sinn ze soen, datt den Eelefmeter zumindest „diskutabel“ ass. Mee de Fussball huet säin eegent Gesetz.

Souverän huet d‘Kate Thill (20) den Eelefmeter am Goal vum Racing ënnerbruecht. Wien erwaart hat datt de Racing direkt géif konteren, dee sollt enttäuscht ginn. Beetebuerg huet weiderhin d‘Spill geleet an esou ass et an der 20. Minutt zum 2:0 komm. Dëse geet op de Kont vum Lea Pizzimenti (8), dat kaum, fir net ze soen, ongehënnert, no enger gudder Pass vum Kate Thill, de Goal mécht.

Duerno ass et um Terrain eppes méi roueg virugaangen. Säitens dem Racing, dee wéi gesot berechtegt Ambitiounen huet, war awer séier wéineg Aggressivitéit ze spieren. Si hunn net den Androck hannerlooss, Beetebuerg a Gefor ze bréngen. De Score bleift bis an d‘Paus onverännert, wierklech grouss Spillzich huet net an där Form ginn, dat se ernimmt kënne ginn.

Racing kënnt motivéiert aus de Vestiairen

Beim Upaff vun der zweeter Hallschent war eng „ausgewiesselt“ Equipp déi de Racing presentéiert huet. Déi hate wuel direkt an der 46. Minutt eng Schrecksekonn, wéi d‘Kate Thill eleng op de Goal lass gestiermt ass, mee dat ronnt net an dat eckegt krut. Duerno huet de Racing d‘Heft an d‘Hand geholl an sech eng Rei Goalchancen erausgespillt. Et gouf nees eppes méi spannend…

Verdéngt fält an der 64. Minutt den éischte Goal fir de Racing. D‘Spillerin Sara Courbin (9) profitéiert vun engem ongléckleche Mëssverständnes tëscht der Beetebuerger Goalkeeperin, Lena Krier (1) an dem Sadine Correia (9). De Racing war duerch dës Aktioun nees eppes méi motivéiert an huet sech gutt gewisen. Si hu vill riskéiert fir den Ausgläich erbäizeféieren.

Den Effort huet sech leider um Enn net ausbezuelt. D‘Raim tëscht Ugrëff an Defense waren emol ze grouss, an déi 80. Minutt sollt sech „fatal“ fir de Racing entwéckelen. Eng super Pass, vum Lea Pizzimenti op d‘Kate Thill, dat de Ball dankend unhëlt an der Goalkeeperin vum Racing keng Chance gelooss hat. Domatter war de Knuet gestreckt, an de Match eigentlech gelaf.

Schéinst Aktioun vum Match

An der 86. Minutt hu mir – zumindest ass et eise Standpunkt – eng vun de memorabelsten Aktioune vun dësem Spilldag materlieft. D‘Sabrina Dukovski (4) setzt sech op der lénker Säit duerch, flankt propper op den Eelefmeterpunkt, wou d‘Anouchka Bech (11) a Stellung gaange war. Si kritt de Ball „wéi gemoolt“ op de Kapp, an eigentlech war et do scho kloer, elo fält de 4. Goal fir Beetebuerg.

Dat huet d‘Ginette Burtin (25), d‘Goalkeeperin vum Racing dann awer eppes anescht interpretéiert. Mat enger Parad wéi ee se seelen, zumindest an dëser Perfektioun ze gesi kritt, huet et de Ball an de Corner gesat. Alles an allem eng perfekt Leeschtung vu den engagéierten Actricen. Mat 3:1 awer ass Beetebuerg op neits ganz verdéngt an d‘Kabinn gaangen, a bleift Tabelleleader.

Nodeems mir déi lescht Woch vun e puer Ausfäll op Beetebuerger Säit hu misse beriichten, ass et eis e Pleséier festzestellen, datt: d‘Spillerin Sarah Witry (6) huet sech seng Roll am defensive Mëttelfeld ëmmer méi averleift, a versteet et op dëser Positioun déi richteg Akzenter ze setzen. D‘Senada Ceman (31) huet sech beschtens weiderentwéckelt an ass e wichtegt Element am Team.

Immens an erfreelech zugläich, d‘Spillentwécklung vum Kate Thill. Dës Damm, déi nach bis virun e puer Matcher hei an do en zögerlechen Androck gemaach huet, wiisst iwwert sech selwer eraus. Zwee Goaler an eng decisiv Pass, loosse keng Zweiwel opkommen. Grad esou erquicklech, d‘Lucia Rojas (14)… dëse klenge „Gëftzwerg“ mat grad emol 15 Joer dreift all Verdeedegung an Verzweiwlung.

Stemmen zum Spill:

Nom Spill huet eis de Co-Trainer vum Racing, Serge Bix, erkläert: „mir sinn heihinner komm fir déi Beetebuerger eppes rosen ze maachen, wat eis an der zweeter Halbzeit, no enger taktescher Ëmstellung, ganz gutt gelongen ass. Leider hu mir déi éischt Halbzeit verschlof, an esou muss een de Beetebuerger Damme fir hir verdéngte Victoire gratuléieren. Eis Zil war an ass, d‘Coupe“.

Op där aner Säit huet d‘Kim Nilles, d‘Analys vum Spill geliwwert. „Nodeems mir elo Nidderkuer an de Racing, déi eis gréisst Konkurrenz duerstellt, iwwerwonnen hunn, gesäit et esou schlecht net aus, mee et sollt e bedenken, datt et nach 8 Spilldeeg sinn, iert de Kuch ugeschnidde ka ginn. Mir wäerten also och bei de nächster Matcher keng Equipp ënnerschätzen“.

Elo si mir virwëtzeg, a wollte vum Kim – dat säin Debut an Däitschland gemaach huet wou et mat Jongen ze dinn hat – wëssen, wéi et esou vum „sportlech aggressiven“ zum „sportlech takteschem Spill“ iwwergaangen ass. „Et muss e verstoen, datt ech wéi ech nach mat de Bouwe gespillt hunn, eppes méi aggressiv hu missen optriede fir mech duerchzesetzen. Et war fir den Trainer och keng einfach Affär, mee zesummen hu mir eis Ziler ganz gutt ëmgesat kritt.

Opstellung vun den Equippen

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 18 Marie-Amelie Albrand, 16 Kim Nilles, 9 Sadine Correia, 29 Tamara Aniset, 6 Sarah Witry, 31 Senada Ceman, 8 Lea Pizzimenti, 14 Lucia Rojas, 20 Kate Thill, 11 Anouchka Bësch. Reserve: 21 Maurine Testard, 88 Amenis Correia, 4 Sabrina Dukovski. Trainer: Daniel Nunes

Racing FC Union Lëtzebuerg: 25 Ginette Burtin, 5 Kala Fukino, 2 Claudia Veloso da Silva, 8 Oceane Monteiro, 10 Raquel Maria de Oliveira, 9 Sara Courbin, 16 Sarah Wirtz, 14 Cinara Da Mata, 23 Julie Wojdyla, 17 Elodie Martins, 6 Laurie Paczesny. Reserve: 20 Gabriella Kristjansdottir, 7 Andreia Silva Machado, 3 Helene-Marie Duvoux. Trainer: Philippe Ciancanelli.