Dammefussball: Beetebuerg ka Spëtzepositioun géint Nidderkuer verdeedegen

Photo par Luigi de Stephanis/moien.lu



03 March 2019

vun  den 03/03/2019

An der 1. Liga vum Lëtzebuerger Dammefussball, war et e Samschdeg de Spëtzematch tëscht dem SC Beetebuerg an dem Progrès Nidderkuer, also den Éischte géint den Zweeten an der Tabell, dee fir vill Opmierksamkeet gesuergt huet. Entspriechend gutt besicht war d‘Renconter zu Beetebuerg.

Déi éischt Véierelsstonn hu sech béid Mannschaften „ofgetaascht“ bis et dann zu den éischte geféierleche Spillzich komm ass. An der 14. Minutt hat den SC Beetebuerg mam Senada Ceman (31) eng éischt Chance. Leider hat d‘Spillerin sech de Ball eppes ze wäit no vir geluecht, firwat de Ball ausgaangen ass.

Zwou Minutten drop huet déi Nidderkuerer Spillerin Pascale Frising (5) aus der Distanz (ronn 23 Meter) ofgezunn, de Ball gëtt vun enger Beetebuerger Spillerin ofgefälscht, a geet richteg Knapp laanscht de Goal. No dëser Schrecksekonn, huet Beetebuerg den uschléissende Corner ouni weider Schwieregkeeten ofgewiert.

Et war dann an der 28. Minutt, duerch e leider krasse Feeler vun der Nidderkuerer Goalkeeperin, wou sech fir de Progrès de Spëtzematch zum Albdram sollt entwéckelen. D‘Goalkeeperin, Andreia Filipa Estanqueiro (1) wollt de Ball mam Fouss degagéieren, huet dësen awer esou onglécklech getraff, datt deen dem Kate Thill (20) ratsch vrun d‘Féiss komm ass.

Ouni laang ze zécken huet déi Beetebuerger Spillerin dës Occasioun genotzt a seng Equipp mat 1:0 a Féierung bruecht. Datt war et dann awer och scho fir déi éischten Halbzeit. Et huet wuel nach déi eng oder aner kléng Chance op Béide Säite ginn. Fir den SC Beetebuerg huet sech alles wéi erhofft entwéckelt. Elo sollt e et drëms goen, déi gutt Performance ze bestätegen.

Mat Vollgas an den Endspurt

Déi zweet Halschent huet direkt mat engem Triplé an 12 Minutten zugonschte vum SC Beetebuerg ugefaangen. An der 50. Minutt, de Ball tuppt am 16 Meter-Raum op, d‘Goalkeeperin vum Progrès huet de falsche Reflex, an d‘Anouchka Bech (11) kann dem Andreia Filipa Estanqueiro (1) säi Schratt antizipéieren, an käppt de Ball zum 2:0 an d‘Netz.

Dëse Goal huet der Moral vun den Damme vum Progrès net gutt gedoen. A well een Ongléck seelen eleng dohier kënnt, huet véier Minutte méi Spéit, d‘Lucia Ruiz (14) dem Kate Thill (20) seng Flank am 5 Meter-Raum spilles ugeholl a markéiert. Domatter war de Match u ech schonn entscheet. An der 62. Minutt huet d‘Anouchka Bech (11) mat sengem zweete Goal de Sack ganz zougemaach.

Et war dann awer nach net eriwwer, well déi Nidderkuerer Damme sinn net vun ongeféier déi zweet an der Tabell. Si hunn trotz engem erdréckende Réckstand, de Beetebuerger Paroli gebueden. Woubäi ee fairerweis muss undeiten, datt den SC Beetebuerg eppes méi spuersam mat senge Kräften ëmgaangen ass. Mee déi lescht 25 Minutte goufe vum Progrès beherrscht.

Si haten dann och zolidd Chancen, déi se leider net verwäerte konnten. Woubäi wien sech ustrengt och dierf belount ginn. Esou geschitt an der 75. Minutt, wou d‘Christelle Cuntz (6) aus gutt 25 Meter ofgezunn huet. Hei huet d‘Goalkeeperin vum SC Beetebuerg, d‘Lena Krier (1) de fluch vum Ball ënnerschat, a verhëlleft den Nidderkuerer zum Éierentreffer.

Eng kleng Analys drängt sech op

Zum Kontext vun dësem Spëtzematch gehéiert et sech e puer wichteg Informatiounen anzebauen. Esou muss den SC Beetebuerg nom Enn vun der Wanterpaus, op e puer personell Verännerungen agoen, déi net vun ongeféier sinn. Véier vun hiren Topspillerinne konnten net opgestallt ginn: Lea Pizzimenti, 1 Match gespaart; Justine Oswald, Kräizbänner (spillt dës Saison net méi); Karen Marin, um rietse Knéi verletzt (Spillausfall ongewëss); Kimberley Dos Santos, perséinlech Grënn.

Dat gewosst, muss een ervirhiewen, datt den SC Beetebuerg bewisen huet, datt een an enger kollektiver Sportaart, och wann eppes u spillerescher Qualitéit verluer geet, een dat ka gutt maachen, mat Spillerinnen déi 110% Teamgeescht, Motivatioun a Wëllen op den Terrain bréngen. Kritt een dat esou op d‘Rei, kann een sech sportlech behaapten.

De Spëtzematch gëtt vum SC Beetebuerg als Kollektiv gewonnen, wat net nëmme fir de Veräin eng gutt Reklamm ass, mee och dem Sport a sengem Ganze gutt zu Gesiicht steet. De Public huet fir säi Geld e flott an interessante Match ugebuede kritt, an d‘Redaktioun kann nëmmen opruffen, sech den Dammen hir Leeschtungen och emol um Terrain unzekucken.

Stëmmen zum Spill:

D‘Christelle Cuntz (6), Spillerin vum Progrès Nidderkuer, huet eis nom Spill seng Impressioune vum Spillverlaf erläutert. Et kann een der Damm net béis sinn, datt si enttäuscht war, si ware mat méi Ambitioun ugereest. D‘Christelle huet dann och keen heel dorausser gemaach, datt et net déi Leeschtung ass déi si vu sech selwer erwaarden, an et wäert zu längere Gespréicher kommen.

Datt ee géint en Top-Géigner verléiere kann, bestëmmt, mee net an där héicht. Elo misst een dann och drop hoffen, datt Beetebuerg deen een oder anere Match verléiert, mee virun allem vu Spill zu Spill kucken nees déi erfuerderlech Leeschtung op den Terrain ze bréngen.

Fir den SC Beetebuerg huet d‘Sadine Correia (9) geschwat. Gefrot op si elo e wichtege Schratt gemaach hätten? „E wichtege Schratt ass haut den Owend gemaach ginn. Entscheet ass awer nach näischt, well ee bedenke muss, datt mir déi sinn, wou jiddereen onbedéngt schloe wëll. Mir musse vu Match zu Match eis Leeschtung esou wéi haut ofruffen, fir dem Usproch op den Titel gerecht ze ginn“.

„Wat haut wichteg war, ass, datt obwuel mir vill Spiller-Ausfäll haten, konnte mir beweisen dat mir eng Equipp sinn an d‘Gruppendynamik eis zum Erfolleg gefouert huet. Dat freet eis ëmsou méi“, esou d‘Sadine Correia, dat sech schonn op deen nächste Spilldag freet, wëll de Schëfflenger Veräin auserneegebrach ass, an esou eppes vun der Fuesent ka profitéiert ginn.

Opstellung vun den Equippen

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 18 Marie-Amelie Albrand, 16 Kim Nilles, 9 Sadine Correia, 29 Tamara Aniset, 6 Sarah Wirty, 31, Senada Ceman, 20 Kate Thill, 14 Lucia Ruiz, 21 Oceane Testard, 11 Anouchka Bech. Reserven: 23 Sheila Hoja, 5 Kim Ney, 4 Sabrina Dukovski, 88 Amenis Correia. Trainer: Daniel Nunes

Progrès Nidderkuer: 1 Andreia Filipa Estanqueiro, 3 Sarah Elias, 5 Pascale Frising, 6 Isabelle Cuntz, 13 Julia Battisti, 7 Angela Moock, 32 Sabrina Deda, 11 Maité Machado, 10 Catarina Teixeira, 22 Amy Lan Thompson, 25 Sania Amalou. Reserven: 14 Sarah Schreiner, 15 Sonia Tremont. Trainer: Steve Senisi.